Commune de Koerich

Dëse Summer huet d’Gemeng Käerch an Zesummenaarbecht mat dem SICONA Naturschutzsyndikat ee weideren Deel vun der Olmer Baach renaturéiert an ee weidert Fiichtgebitt ass ronderëm d’Baach ugeluecht ginn.

 

De Schäfferot vun der Gemeng Käerch huet sech dëse Site zesumme mat den zoustännege Persoune vum SICONA Naturschutzsyndikat ugekuckt an dat neit Naturschutzgebitt entdeckt, wat d‘Biodiversitéit, Planzen an Déieren ronderëm d’Olmer Baach fördert.

 

An enger éischter Phase gouf déi kleng Baach op enger Längt vun 100m an ee méi natierlecht Bett geluecht. De Baachlaf gouf verengt, fir dass besonnesch am Summer e permante Waasserfloss garantéiert ass. Dëst war virun den Aarbechten net ëmmer de Fall an et war heefeg ee stoend Gewässer. Dësen Ofschnëtt war dowéinst fir speziell u Fléissgewässer ugepassten Déieren- a Planzenaarten net interessant. Wéinst den Aarbechten un der Baach huet d’Positioun vun enger Bréck iwwer d’Baach misse geréckelt an duerch eng nei ersat ginn. 

 

Eng vun den Zilaarte vum Projet ass d’Waasserspëtzmaus (Neomys fodiens), déi hire Liewensraum no beim Waasser huet an an d’Baache joe geet. Hei ass se z.B. op der Sich no Insektelarwen an och mol klenge Fësch. 

 

An enger zweeter Phase ass an der Wiss ronderëm d’Baach ee weidert Fiichtgebitt bestoend aus klenge Weieren ugeluecht ginn. Esou entsteet een neie Liewensraum fir z.B. de Grasfräsch an och d’Ringelnatter. 

 

Fir d’Beweedung vum Site ronderëm d’Baach an d’Fiichtgebitt ze garantéieren, ass dësen uschléissend mat enger Clôture emzäunt ginn.