Konferenz PISHING 1.10.2026
UMELDUNGEN: https://activites.steinfort.lu...
Pass op!
Phishing ass haut eng vun den heefegste Forme vu Cyberkriminalitéit. All Dag kréien d’Leit gefälscht Mailen, Smsen oder Message vu Banditten, déi versichen u perséinlech Donnéeën, Passwierder oder carrement u Suen ze kommen.
Dës Bedruchsmasche ginn ëmmer méi professionell a sinn dacks schwéier ze erkennen.
Souwuel Privatpersounen ewéi och Betriber a Veräiner kënnen Affer vun dësen Attacke ginn.
Wéi erkennt een e Phishing-Versuch? Op wat soll een oppassen? A wéi kann een sech am Alldag a beim Ëmgang mat digitalen Déngschter besser schützen.
Kommt a léiert vun Expert·inn·en, wéi Dir Risiken erkennt a sécher um Internet ënnerwee sidd.
D’Konferenz gëtt a Kollaboratioun mat der Police a BEE SECURE op Lëtzebuergesch ofgehal. Falls néideg, bidde mir op Umeldung eng simultan Iwwersetzung op Franséisch an/oder Englesch un.