Actualités
Smartcafé
𝗦𝗠𝗔𝗥𝗧𝗖𝗔𝗙𝗘́ 𝘇𝘂 𝗞𝗮̈𝗲𝗿𝗰𝗵
D’Gemeng Käerch organiséiert, zesumme mat der Kommissioun vum 3. Alter, an Zesummenaarbecht mat der ASBL GoldenMe, e SmartCafé.
Hutt Dir Froen zu Ären digitale Geräter oder wëllt Dir léiere wéi Dir Ären Handy, Tablet oder Computer besser benotzt?
Beim SmartCafé kritt Dir d’Méiglechkeet, an enger entspaanter Atmosphär Froe ze stellen an individuell Ënnerstëtzung vun de Memberen vun der ASBL GoldenMe ze kréien. Bei Kaffi a Kuch gi gär all Är Froen beäntwert.
𝗕𝗿𝗲́𝗻𝗴𝘁 𝗲𝗶𝗻𝗳𝗮𝗰𝗵 𝗔̈𝗿𝗲𝗻 𝗛𝗮𝗻𝗱𝘆 𝗼𝗱𝗲𝗿 𝗧𝗮𝗯𝗹𝗲𝘁 𝗺𝗮𝘁!
31.03.2026
14:00 – 17:00
Festsall zu Käerch
𝗨𝗺𝗲𝗹𝗱𝘂𝗻𝗴
communication@koerich.lu
288 355 221 / 237
D’Virstellung ass op Lëtzebuergesch mat däitschem Support.
Téléchargements