2210/2023
Manifestations
Éierung vum Gemengerot
Date :
22.10.2023
Début de l'événement :
15:00
D’Käercher Veräiner zesumme mat der Gemeng Käerch
invitéieren op d’Éierung vum Gemengerot
22. Oktober 2023 um 15:00 Auer
D’Festivitéite fänke mat engem Cortège un, dee vum Gemengenhaus bis an d’Gréiweschlass geet.
Beim Schlass ginn déi nei Memberen, souwéi och déi austriedend Memberen aus dem Gemengerot geéiert.
Nom offiziellen Deel offréiert d’Gemeng en Éierewäin. Fir e klenge Maufel ass gesuergt.