Actualité

Grouss Botz 2021

Konservendousen, Béchsen, Fläschen, Plastikstuten, Pneuen oder Elektroschrott ...alles wat een nom Wanter am Bësch a laanscht d’Weeër fënnt, gehéiert recycléiert an net an d’Natur! 


Dofir invitéiere mir Iech och dëst Joer nees ganz häerzlech bei eiser grousser Botz an eiser Gemeng matzemaachen, dat vum 20. Mäerz - 20. Abrëll 2021.

Dat benéidegt Material (Tuten, Händschen, Zaangen, Sécherheetswesten ...) fir den 
Zäitraum vun der grousser Botz stellt d’Gemeng Iech zur Verfügung.